Kiállítás infó

  • Kiállítás infó
    2022.Immár harmadik alkalommal, 2022 októberében is meglátogattuk a Martonvásári Brunszvik Beethoven kultúrális központot, ahol ismét megmutathattuk a…
    mlvk.blog.hu

  • sou kéint bei eis ausgesinn

    Muss awer do soen dass d'Anlag dei dier bis elo opgericht hudd sech do definitv net ze verstoppen brauch. Och wann et fier Iech mei onpraktesch ass, fannen ech d'geschlossen Fläch (also ouni Duerchgang an der Mëtt) mat der massiver an lieweger Staat, Autoen, vill Figuren, de Sei an d'Bierger, asw dann awer mei impressionant, mei flott an brengt och de Lego selwer vill besser zum Ausdrock.


    Es sei denn et well een wierklech just en puren Eisebunnsclub sinn. Do ass den Konzept mat 1 Abschnett originalgetreier Eisebunn an 1, 2 Heiser, Beem als minimal Deko vleit effektiv besser.


    legolux1973

  • Gudden moien,


    ech denken daat do Thema muss een mei differenzeiert kuken. Waat engem lo besser gefällt ass schlussendlech gidferengem seint.


    Hei ass lo e Beispill vum MLVK aus Ungarn: Dest ass genau sou wei z.B. den LLMTC (NL), Noppenbahner (D) oder den Togklodsen (DK) een Verein deen sech reng der Lego-Modelleisebunn verschriwen huet. Dohier ass hei een Layout deen sech firun allem den Betrieb widdmet. Mat eis kann een daat net vergleichen.


    Mir sin een allgemengen Verain. Mir hun schon knapps genuch Leit sou hei an eisem Hobby Lego zusummen, sou daat mir keen rengen Eisebunnsverein wëllen, kënnen an wärten sin. Daat ass also net nemmen Eisebunn an City, mee emol alles, wou och alles soll eng Platform kreien an gidfereen dei Saachen/Themen soll kennen weisen wou hien wëll an och dran doheem ass.


    Natirlech ass och fir mech perseinlech een "réngen" Eisebunnslayout een mei erstriewenswärt Ziel wei lo een City-Layout wei eisen Verain et huet. Mee daat ass wei gesoot perseinlech, woufir ech jo och desöfteren ob entspriechenden Events am Ausland ennerwee sin. Hei kann ech mech dann austoben. Ech muss awer soen daat et mer fern leit mech den Verainsprojeten an den Wee ze stellen just well ech daat lo eben net sou gaer bauen. Wei gesoot, gidferengem seint. Waat een lo as "impressionant" bezechendt leit och am Aa vum Betruechter.


    (Erlaabt mer trotzdem eng kleng Klammer lo hei opzemaachen, ech hun emmer nach am Hannerkapp eemol een Treffen fir Eisebunner hei am ländchen opzezeihen, waat ech secher net alleng kann an wëll stämmen. Et soll awer eppes sin waat hei net d'Regel ass mee eichter eng "eemoleg" Occasioun.)


    Souweit mein Pefferkär,

    Scheinen Weekend,

    Daniel

  • Waat een lo as "impressionant" bezechendt leit och am Aa vum Betruechter.

    Daat ass natierlech absolut richteg, doweinst hun ech jo



    fannen ech

    geschriwen. ;)


    Jiddferen huet do seng perséinlech Präferenzen an séin eegenen Goût , d'selwecht wei en Publikum. Eppes waat een och den Samsten erem immens gudd konnt gesinn.


    Wann mer daat clever ausspillen, kann dess Diversiteit eng grousst Stärk vum Club ginn.


    Mat beschten Gréiss,


    Jm

    • New
    • Official Post

    Ech hun daat Bild gepost well deen Sall do op dei Dimensiounen hinkennt wei deen Sall deen mer zu Mertert zur Verfuegung haetten.


    Wann een elo den Layout kuckt geseit een dass Breet allkeirs nemmen 1 meter ass wou mir op 2 Meter sin.

    dat hescht eis Dimensionen geingen do schon en gudden Deel ausmachen.

    Wann dann nach Dioramen dobei kommen wei dei vum Misch dann verlängert sech daat ganz schnell.

    Wann dann nach Leid wei den Lahnbricks dobeikommen dann sin dei Dinensionen ganz schnell errecht.


    Fier esou een Event all Joer fresch opzesetzen, domat mengen ech reng Eisenbunn geing een Gefohr goen dass een domad alleng den Publikum net errechen deet.

    Mais et wier jo och eischter eppes wou mir eis (Den Deel vun den Eisenbunner) eben och mol austoben kennen an den Luxus hun et och mol 1 Woch stoen lossen ze kennen.

    • New
    • Official Post

    Ech hu nden Thema vun Neuigkeiten von anderen LEGO-Webseiten no Community Café verschoben als unreiz fier eng konstruktiv Diskussion.


    Den Eisebunnsvollet huet en immensen Schub krut durch d'Aktiviteit vum gfoetz (Logistik an Unzuel vun Moduler).

    Domad wieren mer och elo op engem maximum unkomm.


    D'Aushänge Scheld vun AFOL.lu wor emmer Luxembrick. Do ass nach Loft no uewen an en Konzept wou een vill Mei Leid keint mathuelen.

    Dofier muss awer dann mei kommunizeiert gin.


    Diversiteit ass och daat waat den Verein ausmecht. Dei ass awer an der lescht duerch Eisenbunn erdreckt gin.

    Awer och net immens present gewiecht.


    Et fehlt den Dialog fier Projeen. Einfach ferdeg Mocen hinzestellen deet och en Public enttäuschen well Modeler greisten Deels bekannt sin.

    Interessant sin grouss Modeller dei zwar jidderen kennt awer net onbedengt Gelegenheet ausser am Legostore opgebaut ze gesin.


    Lorbriques hat emol eng Ausstellung am Cora gemach wou greisten Deels original Modeller woren an daat gouf net positiv opgeholl.


    Also nuren bekannten Modeller hinzesetzen ass och net den Wee.


    Och wann an eiser Staad en groussen Deel original Seten sin, sin se awer Haapsaechleg Kulisse fier dei multitude vun Szenen dei den MiBra opbaut, dei am Endeffekt eis Staad ausmachen an eis eendeitesch vun denen zich aneren Stied dei en op den Austellungen geseit ofhiewt.


    Eisen egen Modularsystem asss awer och Groindlag dass mer esou mobil an flexibel kennen sin.


    Den Riewer huet mat sengen Eifelturm , Concorde sou wei den gfoetz mat der Startramp/Rakeit Eyecatcher gesaat.


    Den ANEKIN huet mat der NASA Sammlung gewisen dass een och mat enger Sammlung Leit interesseiren kann.


    Den Nico1959 uet Leid faszineiert well seng Modeller och bewegen loos huet. Och wannn een den een oder aneren och mol un Telecommande leisst kennt Freed op.


    Den legolux1973 huet mat senger Duechter en scheinen Projet (Stroos an Friendsstyle) opgebaut an vill Kanner begeschtert.


    Dne Startwars Deel wor en beschen ofgescheet an komm net mie sou zur Geltung wei op eisen Ausstellungen.

    Daat kann awer och fleit en falschen Androck sin vun mir well ech net allzeoft an dem Eck wor, nuren fier mol auszerouen.


    Den Fazit ass eben dass een alles kann platzieren, an net kategoresch eppes ausschleissen. Et muss een eben den Kader schaafen.


    Eppes waat mir kennen machen an dommadd och en alleinstellenwert haetten wann mir och lokal Projeen emsetzen geingen wei z.B. Gemengenhaus vun Mertert-Wasserbelleg geingen bauen.

    Domat entsteht eng Verbindung zum Lokal Publikum an den Burgermeschter huet en Usaatzpunkt fier och sech ze weisen oder uet eng Riet ze halen.

    Daat hun mer gudd zu Arel gesin. Den Publikum verlangt guer keng Prezise Emsetzung et geht duer dass et erkannt gett.

    Beim Guy senger Gare wor den Publikum iwerzeecht dass et wierkleg Areler Gare ass :)


    Mir hun dann elo verschidden Caderen:


    • Eisenbunnlayout mat Stadt
    • Ausstellung
    • Animatioun


    Gudd wier et wann mer elo mol souvill wei Meigleeg Ideen sammlen, an domad den een oder den aneren begeschteren kennen.


    z.B. Mosaicen entwecklen dei als Aktioun op engem Event opgebaut kennen gin.

    Lautesteine mecht doraus zeguer een enzelt Event. Do gett en Mosaic gebaut fiert Gemeng an daat Mosaic bleift eng Zeit och an der Gemeng ausgestallt.

    Natierleg net fier neischt.

  • Hallo


    Jo den ANEKIN huet bewisen dass Themebezunnen Sammlungen eng gudd Saach sin, zemools wann d'Modeller aus méi Joeren besteet.

    Do gëtt et nach intressant Meiglechkeeten:

    - Film an Televisioun

    - Great Cars a verschiddene Gréissten

    - Gratis Planes a verschiddene Gréissten

    - Sammelfiguren op klenge Vignettes an Szene gesäit.

    - Méi aal Themen, z.B. Chima

    - u.s.w.


    Daat gelt och fir eventuell Vitrinen bei LToys.


    MbG

    Michel

    • New
    • Official Post

    Hei ass jo ganz vill gudden Input komm, vill Meenungen. Bei mir ass d'Conclusioun dei, dass mir mussen 3 Eventer als Club organiseieren:


    1. Prioriteit ass eng allgemein Lego Ausstellung, mam Schweierpunkt op Ausstellung an engem strikten minimum un Vente.


    2. Eng reng Lego Börse, mat gratis Entree


    An als 3. Event kann d'LLTC Grupp sech austoben.... En Treffen vun Gleichgesinnten mat engem Daag fir den Public.


    Daat 3. Event ass daat waat mir perseinlech am meschten Freed mecht, mais als Comités Member muss ech et awer vun der Prioriteit hannen hin setzen. Et ass net all Mensch un deem Thema interesseiert.


    Misch ech probeieren e Sonnden kucken ze kommen, ech war nach nie op esou engem Treffen. Ech kann et awer nach net garanteieren, et sinn awer 5 Stonnen am Auto fier kuerz laanscht ze kommen

  • N'Owend.

    Ech hun daat Bild gepost well deen Sall do op dei Dimensiounen hinkennt wei deen Sall deen mer zu Mertert zur Verfuegung haetten.

    :thumbup:


    Den Nico1959 uet Leid faszineiert well seng Modeller och bewegen loos huet. Och wannn een den een oder aneren och mol un Telecommande leisst kennt Freed op.

    Daat wor richteg gudd unkomm, do keint een mat minimalem Effort (en puer Gewichter dei d'Kraaner ze hiewen, 2,3 Obstaclen / kleng Rampen fier d'Gefierer asw) daat ganzt nach optimiseieren. Et brauch en zwar Manpower quasi richtduerch deen d'Leit animeiert an och d'Froen beantwert, mais daat Interaktivt an explizit weisen kennt immens gudd un. Wor op alle Fall den Samsten eng super Saach vum Nico1959:thumbup:


    Den legolux1973 huet mat senger Duechter en scheinen Projet (Stroos an Friendsstyle) opgebaut an vill Kanner begeschtert.

    Merci.

    Den ANEKIN huet mat der NASA Sammlung gewisen dass een och mat enger Sammlung Leit interesseiren kann.

    Den Harry Potter net ze vergiessen. Och hei ass definitig eng Clientel dei sech fier daat Thema interesseiert do, net nemmen bei den Kanner. Hunn ech do nach eng Idee waat ech zu dem Thema eng Keier keint beisteieren.

    Den Riewer huet mat sengen Eifelturm , Concorde sou wei den gfoetz mat der Startramp/Rakeit Eyecatcher gesaat.

    :thumbup:Absolut. Et stung och des Keier besser, et huet der Zug Anlag net d'Opmiersamkeet geholl an vice vera. An Zukunft sollte mer probeieren ze vermeiden sou Saachen an d'Mett vun der Zuganlaag ze setzen. (natierlech just wann et geet).


    MiBra  ANEKIN  Nico1959  legoscout


    Aer grouss Präsenz bei den Bauaktiviteiten sollen hei awer net vergiess gin. Doriwer ass vill am Publikum geschwaat ginn an ass och richteg gudd bei den Elteren mais och villen Responsabelen unkomm, domat huet de Club richteg gepunkt an war eng gudd Werbung. Et ass zwar en groussen Effort alleng d'Preparatiounen an d'Post-Prepartiounen mais och den Daag selwer, mais den Samsteg huet sech daat menger Meenung gelount. :thumbup:


    Fazit:


    Diversiteit ass och daat waat den Verein ausmecht.


    + Interaktioun (Weisen, Erklären, Bauaktivitéit, etc...)


    ass den Wee. :)

Participate now!

Don’t have an account yet? Register yourself now and be a part of our community!