Gudden moien,
ech denken daat do Thema muss een mei differenzeiert kuken. Waat engem lo besser gefällt ass schlussendlech gidferengem seint.
Hei ass lo e Beispill vum MLVK aus Ungarn: Dest ass genau sou wei z.B. den LLMTC (NL), Noppenbahner (D) oder den Togklodsen (DK) een Verein deen sech reng der Lego-Modelleisebunn verschriwen huet. Dohier ass hei een Layout deen sech firun allem den Betrieb widdmet. Mat eis kann een daat net vergleichen.
Mir sin een allgemengen Verain. Mir hun schon knapps genuch Leit sou hei an eisem Hobby Lego zusummen, sou daat mir keen rengen Eisebunnsverein wëllen, kënnen an wärten sin. Daat ass also net nemmen Eisebunn an City, mee emol alles, wou och alles soll eng Platform kreien an gidfereen dei Saachen/Themen soll kennen weisen wou hien wëll an och dran doheem ass.
Natirlech ass och fir mech perseinlech een "réngen" Eisebunnslayout een mei erstriewenswärt Ziel wei lo een City-Layout wei eisen Verain et huet. Mee daat ass wei gesoot perseinlech, woufir ech jo och desöfteren ob entspriechenden Events am Ausland ennerwee sin. Hei kann ech mech dann austoben. Ech muss awer soen daat et mer fern leit mech den Verainsprojeten an den Wee ze stellen just well ech daat lo eben net sou gaer bauen. Wei gesoot, gidferengem seint. Waat een lo as "impressionant" bezechendt leit och am Aa vum Betruechter.
(Erlaabt mer trotzdem eng kleng Klammer lo hei opzemaachen, ech hun emmer nach am Hannerkapp eemol een Treffen fir Eisebunner hei am ländchen opzezeihen, waat ech secher net alleng kann an wëll stämmen. Et soll awer eppes sin waat hei net d'Regel ass mee eichter eng "eemoleg" Occasioun.)
Souweit mein Pefferkär,
Scheinen Weekend,
Daniel